A menger Funktioun als Co-President vum LGBTI-Intergrupp vum Europaparlament, war ech des Woch fir en Echange iwwer LGBTI-Rechter bei d’UN op New York. An deem Kader hunn ech och eng Entrevue mam UN-Generalsekretär Antonio Guterres gehat.
LGBTI-Rechter sinn en zentrale Bestanddeel vun der UN-Antidiskriméierungs- an Entwécklungsagenda. Leider hëlt de konservativen Diskurs géint LGBTI-Persoune weltwäit zou. Mënschen, déi opgrond vun hirer sexueller Orientéierung, hirem Geschlecht oder hirer Geschlechtsidentitéit der Gewalt an hirem eegene Land entkomme wëllen, mussen d’Recht op Asyl hunn, well LGBTI-Rechter si Mënscherechter!