100 Milliounen Europäerinnen an Europäer liewe mat engem Handicap.

Dofir ass et wichteg, dass d’EU-Kommissioun un enger neier POST 2020 Strategie fir Mënsche mat Behënnerung schafft.

D‘Europaparlament ass natierlech mat agebonnen, an esou hunn mir haut de Moien hei zu Bréissel an der Kommissioun fir Aarbecht a Soziales e Rapport ugeholl an dem mer ons ausschwätze fir:

e gerechten a fairen Accès vu Mënsche mat engem Handicap op den Aarbechtsmaart,

Aarbechtsplaze wou Accessibilitéit an Inclusioun groussgeschriwwe ginn,

e Virgoen  géint Diskriminéierung op der Aarbecht.

Ech sinn immens houfreg an dësem Dossier de Spriecher vun der Fraktioun vun de Sozialisten an Demokraten am EP ze sinn.

Hei e puer Punkte fir déi ech mech als Sozialist staark gemaach hunn:

  1. Alternativen zu Ateliers protégés ze schafen, Transitioun aus engem Atelier ze fërderen, an dofir suergen, dass all Memberstaaten sech e rechtleche Kader gin  a Punkto sozial Sécherheet a Mindestloun fir déi, déi an esou Ateliers protégés schaffen.
  2. Adaptéiert Ariichte vun der Aarbechtsplaz an och dem Aarbechtsëmfeld. Oft zecken Employeure Mënsche mat enger Behënnerung anzestelle well se Angscht virun héijen Ëmbaukäschten a laange komplizéierten Demarchë hunn, wann se heifir staatlech Subsiden ufroen. Dofir brauche mer kloer Richtlinne vun der EU fir des Prozesser ze vereinfachen.
  1. E schnellt Unhuele vun enger EU-Direktiven iwwer d‘Mindestléin an eng Direktiv iwwer „Pay transparancy“ fir géint Diskriminéierunge virzegoen a fir dem Prinzip „ Equal pay for equal work“ gerecht ze ginn.
  1. D‘Aféiere vu Quoten am Ëffentlechen awer och am Private Secteur fir eng equitabel Representatioun vu Mënsche mat Handicap um Aarbechtsmaart.
  1. D’Noutwendegkeet vun enger horizontaler Anti -Diskriminéirungsdirektiv vun der EU-Kommissioun
  1. D’Fuerderung dass d’EU endlech d’Istanbul Konventioun iwwer d‘Präventioun an d’Lutte géint Gewalt vu Fraen a géint haislech Gewalt ratifizéiere soll. Dat ass wichteg well Frae mat Behënnerung 2 bis 5 Mol méi oft vu Gewalt betraff si wéi Fraen ouni Behënnerung
  1. D‘Extensioun, d’Harmonisatioun an di géigesäiteg europäesch Unerkennung vun engem Ausweis oder Kaart fir Mënsche mat Behënnerung fir hir Mobilitéit an Europa ze vereinfachen.

Europa an seng MS hunn virun 10 Joer d’UN Konventioun d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung ratifizéiert an hunn iwwer ons doduerch zu engem oppenen, inklusiven a barrièrefräi Aarbechtsmaart verflicht! Et ass elo un der Zäit Neel mat Käpp ze maachen an ze handelen.

Mir mussen als EU des wichteg UNO Konventioun voll a ganz ëmsetzen!