A menger Funktioun als Vizepresident vum Europaparlament hunn ech haut d’Deklaratioun fir d’Aféiere vun engem Gedenkdag fir Klimaopfer ënnerschriwwen. Ab haut, gëtt all Joers um 15. Juli un d’Klimaopfer an Europa an doriwwer eraus geduecht. Mat dësem Gedenkdag soll och d’Bewosstsi  vun de Biergerinnen a Bierger geschäerft ginn. All Mënsch kann e Bäitrag leeschte fir dem Klimawandel entgéintzewierken.

Mat ënnerschriwwen hunn:

– Franz Timmermanns, Vize-President vun der EU-Kommissioun

– Teresa Ribeira Rodriguez, stellvertriedend Ministerpräsidentin vu Spuenien, Présidence vum EU-Conseil.