Muer gëtt am Europaparlament iwwert d’Resolutioun déi d’EU zur LGBTIQ Freedom Zone deklaréiert, debattéiert. Dëst am Kader vum zweeten Anniversaire vun de sougenannte LGBTI-free Zones, also Regiounen a Gemengen a Polen déi anti-LGBTI Resolutiounen ugeholl hunn. Mir erliewen an de leschte Joren, dass en gutt organiséiert Anti-gender Mouvement ënnerwee ass, déi d’Rechter vu LGBTIQ Leit awer och méi allgemeng d’Rechter vu Fraen hannerfroen a virun allem ënnergruewen. Ënnerstëtzung kritt dëst Mouvement e.a. och vun der polnescher an der ungarescher Regierung, déi LGBTIQ Mënsche gären als Sënnebéck benotze fir vu wichtege strukturelle Problemer an hirem Land ofzelenken. D’EU muss eng Freedom Zone si fir jiddereen, onofhängege vun der sexueller Orientatioun an der geschlechtlecher Identitéit.

Our rights, our freedom. We are not an ideology. We are proud citizens of the European #LGBTIQFreedomZone.