Ech si ganz frou datt d’Europaparlament haut decidéiert huet de Sakharovpräis Präis 2020 un Vertriederinnen a Vetrieder vun der Oppositioun a Belarus ze verginn. Dëse Präis mat deem mir Mënschen éieren, déi sech fir Mënscherechter asetzen, ass wuel verdéngt. An ech sinn immens frou datt mir besonnesch dem Sviatlana Tsikhanouskaya, dem Maria Kalesnikava an dem Veranika Tsapkala, d’Leaderinne vun der Oppositioun a Belarus, domat nach méi Visibilitéit ginn an datt mir hinne weisen, datt net nëmmen d’Europaparlament, mee och doriwwer eraus all Europäerinnen an Europäer se ennerstetzen an datt mir hoffen datt se a Belarus hire Kampf zu Enn bréngen an datt et zu engem friddleche Wiessel kënnt, zu Neiwale kënnt. Dat ass eist Ziel an ech wënschen all de Mënschen a Belarus nëmmen dat Bescht.

copyright picture: