NextGeneratiounEU, dat ass en 750 Milliarde schwéiert Relance-Instrument vun der EU, fir aus der Corona-Kris ze kommen. Di 750 Milliarden, si folgendermoossen opgedeelt : 47,5 fléissen an den nei geschafenen ReactEU*, 30 Milliarde komme schonn existéierende Fongen zegutt, déi opgestockt goufen (Just Transition Funds, Rural Development, Horizon Europe, InvestEU, RescEU) a 672,5 Milliarde fléissen iwwert den  Recovery and Resilience Facility (RRF).

Domadder ass den RRF dat wuel wichtegst Instrument am #NextGenerationEU. Fir dëst kënne méiglech ze maachen, huet d’EU fir d’éischt missten eng enorm historesch Hürd iwwerkommen. Esou ass et fir d’éischte Kéier an der Geschicht vum Staatebond, dass d’EU wäert zesumme Sue léine goen, also gemeinsam Scholde maachen. Eppes, wat an der Finanzkris 2008 nach ondenkbar war, fir verschidde Memberstaaten.

Dës Sue gi vun der EU-Kommissioun un d’Memberstaaten verdeelt, dovunner 312, 5 Milliarden a Form vu Subsiden an 360 Milliarde sous Form vun engem Prêt.

Natierlech kréien d’Memberstaaten déi Suen elo net einfach esou a jiddereen d’nämmlecht vill. Fir all Memberstaat gëtt gekuckt wéi vill em zousteet, unhand vun de Chômageszuelen an dem reelle Réckgang am PIB fir d’Period 2020-2022. All Memberstaat, dee gären seng Suen hätt, muss bis den 30ten Abrëll 2021 eng Demande un d’Kommissioun eraschécken. Dës Demande besteet aus engem esou genannten nationalem Aktiounsplang, an dem d’Regierung erkläert, wéi si déi Sue gedenken z’investéiere fir hiert Land am Beschten aus der Kriss ze féieren an awer och méi résilient fir zukünfteg Krisen ze maachen. Dobäi mussen d’Memberstaaten de Fokus op folgend 6 Pilieren leeën :

  • Gréng Transitioun
  • Digital Transitioun
  • En nohaltegen an inklusive Wuesstem, deen Aarbechtsplaze schaaft
  • Gesondheet a Résilience vun der Gesellschaft
  • Zukunftsgewandte Politike fir zukünfteg Generatiounen, notamment am Beräich vun der Educatioun an de Skills

D’Suen däerfen dann och keng Projeten ënnerstëtzen, déi dëss Zieler oder déi jeeweileg Virgaben am Land seng Counrty-Specific-Recommendations gefährden.

Nodeems d’Kommissioun déi national Aktiounspläng gepréift huet an de Conseil dem ganzen zougestëmmt  huet, kréien di eenzel Memberstaaten fir d’éischt emol just 13% vun hirem Undeel ausbezuelt. Mat dëse Sue mussen sinn hier  éischt Tëschenzieler z’erreechen, déi si am Viraus am Aktiounsplang festgeluecht haten.  Nëmmen da wäerten si och de Recht vun hirem Undeel vun der Kommissioun ausbezuelt kréien. Bis 2026 sollen d’Memberstaaten all hier Suen effektiv investéiert hunn (a néideg Reformen ëmgesat hunn). Et geet also net, sech d’Suen einfach unzefroen an dann awer näischt domadder ze maachen.

Wéi dat bei all Médaille awer de Fall ass, huet och dëss eng Récksäit, an zwar d’Scholden. 672,5 Milliarden ass eng beträchtlecht Zommen, déi wëll zeréckbezuelt ginn (inklusive den Zënsen déi wäerten ufalen). D’EU huet sech dorops gëeenegt, ab 2028 mam Zeréckbezuelen unzefänke fir 2058 domadder fäerdeg ze sinn. Dofir goufen et och Kritiken, dass mer hei am Gaange sinn, déi zukünfteg Generatiounen ze belaaschten an ze verscholden. Dëss Kritikë sinn net vun der Hand ze weisen. D’Fro bleift awer, wat d’Alternativ wär? Ouni déi gemeinsam Scholden, géing d’Situatioun an verschidde Memberstaaten sech weider drastesch verschlechteren. Si géifen nämlech ouni d’EU guer net esou gënschteg un esou vill Suen kommen, déi si awer dringend brauche fir hier Wirtschaft awer och hieren Gesondheetssystem nees opzebauen. Indirekt géif dat awer net nëmmen dëse Memberstaaten schueden, mee all de 27 Memberstaaten vun der EU. Ëmmerhi sinn dëss Memberstaaten e wichtegen Deel vum Marché unique a Problemer an dem engen Memberstaat, kënne ganz séier zu Problemer an deenen anere Memberstaaten féiren. Handel ass nunmool keng Einwegstrasse.

Europa huet aus de Fehler vun der Finanzkris geléiert. Eng Kris ass net de richtege Moment fir Investissementer ze stoppen, grad da mussen d’Investitiounen op eng duerchduechten Aart a Weiss eropgefuehr ginn. Well nëmme wa mir mat kloren Zielvorgaben investéieren kënne mir eis Gesellschaft an eis Wirtschaft aus dëser Kris féihren an se och méi résilient, méi fit fir d’Zukunft maachen.

Weider Informatioune zu dësem Thema, esou wéi d’Prosse vum Conseil an dem EP zum RRF fannt Dir ënnert folgenden Links:

https://ec.europa.eu/info/business-economy-euro/recovery-coronavirus/recovery-and-resilience-facility_en

https://www.europarl.europa.eu/doceo/document/TA-9-2021-0038_EN.html

https://ec.europa.eu/info/strategy/recovery-plan-europe_en#nextgenerationeu

https://www.consilium.europa.eu/en/policies/eu-recovery-plan.

*Infos zum React EU fannt Dir hei:

https://www.europarl.europa.eu/news/de/agenda/briefing/2020-12-14/5/react-eu-hilfen-zur-bewaltigung-der-coronakrise-vor-ort-in-den-eu-regionen