Haut haat ech d’Geleeënheet fir zesummen mam EU-Kommissär Nicolas Schmit an de Lëtzebuerger Europadeputéierten eng Visitt an d’Produktiounshale vun ArcelorMittal um Belval ze maachen.

Themen déi mir diskutéiert hunn waren ënnert anerem Dekarboniséierung vun der Industrie, d’Energiekäschten, d’Kompetivitéit an zukünfteg Aktivitéiten vun ArcelorMittal zu Lëtzebuerg. D’Stolindustrie ass a bleift e wichtegen ekonomeschen Pilier, souwuel fir Lëtzebuerg wéi och fir déi ganz Europäesch Unioun.

D’Erausfuederungen si grouss: den Asaz vu méi erneierbaren Energien, manner CO2-Emissiounen an de Schutz vun Aarbechtsplaatzen fir eng sozialgerecht ökologesch Transitioun ze garantéieren.

Hei e puer Impressiounen vun der Visitt.