Haut huet d’FEDIL d’Lëtzebuerger EU-Deputéierten op eng Visitt bei United Caps (Produzent vun Plastik-Stëpp) a Circuit Foil (Produzent vu Kofferfolien) op Wooltz invitéiert. Niewent der Besichtegung vun de Produktiounshalen hu mir eis mat de jeeweilege Responsabelen och iwwer Chancen an Erausfuederunge vun den Industriestanduerten Europa a Lëtzebuerg ënnerhalen

Virun allem déi héich Energiekäschten an Europa maachen eisen Industrien ze schafen an erhéijen den Drock fir um internationale Marché konkurrenzfäeg ze bleiwen. E weidert Uleies war d’Virundreiwe vun harmoniséierte Gesetzgebungen um EU-Niveau, fir datt och Industrien a klengen EU-Membertstaaten matale kënnen.

Hei e puer Impressiounen vun der Visitt.